Lëtzebuerger N-Bunn 69 ||
  Haaptsäit
 
Dëst ass eng Fantasiemodellbunn, inspiréiert vum lëtzebuerger Éislek. Si gëtt zanter 1991 gebaut.

All Ressemblance mat wierkleche Plazen oder Gefierer ass zoufälleg.

D'Makette ass eng romantesch Duerstellung vun de sechzeger a siwenzeger Joeren. Den Dieselbetrib aus deer Zäit erlaabt en ofwieslungsräichen Asaz vu Gefierer. Och den demolege Giddertransport erméiglecht vill Betrib .

Vill Spaass op menger Websäit!

Pol Hottua

Haaptsäit
   
D'Schinne vum Gleis hunn en Ofstand vun 9 Millimeter. Vum Buschtaf N vu néng ass och de Numm N-Bunn ofgeleet.
De Moossstaf vun de Gefierer a vun dem Dekor ass 1:160.

N-Modellbunne gi vu ville Marke produzéiert. Et kritt een se och a ville Geschäfter ze kafen.

Et gi Vereenegungen, déi sech fir d'Spur N asetzen.

erëm erop  
Ech liesen Zäitschrëfte vun hei an aus den Nopeschlänner, fir mech ze informéiren:

N BAHN MAGAZIN www.nbahnmagazin.de

MAGAZ'N www.afan.fr

ETUDES ET DOCUMENTATION FERROVIAIRES www.rail.lu

JOURNAL du Chemin de Fer
www.modelspoormagazine.be
 

Dokumentatioun iwwer lëtzebuerger Eisebunnen hunn ech virun allem an de Wierker vum Ed Federmeyer an C.F.F.L. font.

   
erëm erop  

Beim AMTF TRAIN 1900
https://www.train1900.lu/
ass en Uerdinger Schinnebus aus der éischter Serie, den Z151 zanter 1973 regelméisseg am Asaz. Och eng Remorque an en MAN Schinnebus gehéiren zum Veräin sengem Fuerpark .

 

 

Den 1. Oktober 2023 war am Fond-de-Gras en Dag mat Dieselbetrib. D'Gefierer waren aus de fofzeger a sechzeger Joeren. Grad déi sollen op menger N-Bunn 69 zirkuléiren. Ech hunn e klenge Videofilm zesummegstallt.

 

erëm erop

Hei ass eng kleng Opzielung vun N-Reseauen, déi mech inspiréiren:
BERCHTESGADEN vum Rüdiger Stiller 
COPENHAGEN FIELDS vum Model Railway Club
LAUSCHA vum Klaus Möntenich
LEMISO Anlage vu Stephan Lehmann a  Lorenz Kästner
LOUISE MARIE vum Modelspoorclub Pacific
MONTHERMÉ vum Club Maquettisme Sedanais
NORDENHAM vum Ralf Tönjes
STELLWERK S vum Wolfgang Frey
VONÊCHE vum Rail Miniature Mosan
 

 

Copenhagen Fields

 

Louise Marie

 

Vonêche

erëm erop

Lauscha
 

Monthermé

 

Stellwerk S
 

Stellwerk S

erëm erop

Nordenham
 

Nordenham

 

LEMISO
 



LEMISO

erëm erop

Berchtesgaden
 



Berchtesgaden

   
2023 hunn ech eng Ausstellung besicht, déi mam Moossstaf 1/160 ze dinn hat. Aus dem Filmmaterial dat ze gebrauche war, hunn ech e klenge Video zesummegestallt. Et si leider net all Aussteller am Film vertrueden.