Lëtzebuerger N-Bunn 69 ||
Zuchverkéier

 
Zuchverkéier
   
   
   
   
   
   
De Réseau ass analog geschalt. En Titan Transformator 108 ass an der Wendel agebaut. Un deem ass den Elektronikregeler 826 ugeschlooss fir d'Zich ze steieren. Och d'Weichen an d'Entkuppler gi vum 108 versuergt. Ënnert der Gare ass nach e Fleischmann Trafo 6705. Hannendru gouf e Viessmann Powermodul 5215 geklemmt. Esou gëtt de Wiesselstroum a Gläichstroum verwandelt. Heimat gi Luuchten an aner Funktiounselementer versuergt. Et goufe bis elo 21 Weichen vu Fleischmann an 2 vu Minitrix agebaut. All Weichen hu Metallhäerzstecker an all Motore goufen ëmgedréit. Si sinn op 2 Gleisbildschaltpulter u Fleischmann Schalteren 6900 geklemmt (D1). Ënnert der Gare an ënnert der Brauerei sinn Ofstellgleiser fir 9 Zich. All Zuch huet säin eegent Gleis, dat duerch eng Zeechnung markéiert ass.
   
erëm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erëm erop  
   
   
 
Op der kuerzer Antenne ass ëmmer nëmmen een Zuch ënnerwee. D'Stoppweich entsteet duerch d'Eraushuele vun den Drotbrécken an dem Abau vu Plastikséclissen ongeféier 25 cm hannert dem Häerzstéck (D2, D3). Doduerch bleiwen d'Lokomotive stoen, wann d'Weich net richteg läit. Bei ageschotterte Weichen hunn ech hannert dem Häerzstéck nach eng Éclisse mat ugeléitenem Kabel agebaut. Esou ass et méiglech et iwwert e Relais mat Stroum ze versuergen . Et ka virkommen, datt deen an de Weichen agebaute Schalter mat de Joeren oxidéiert oder datt d'Kontaktfiederen ofnotzen (D4). Iwwerall um Réseau benotzen ech Ënnerbriecherschalteren fir d'Lokomotiven op de gewielte Plazen unzehalen (D5).
 
   
   
   
   
   
   
erëm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
D'Kéierschläif ass mat 4 Fleischmann Dioden 6950 geklemmt a mat 6 Plastikséclissen ënnerdeelt. Si ka nëmmen an enger Richtung duerchfuer ginn. Ausserdeem bleiwen d'Zich stoen, bis d'Polaritéit geännert gouf (D6). Och an de Stompgleise vun der Ofstellgare goufen Dioden agebaut, fir datt d'Gefierer net an d'Pellbéck stoussen (D7). Fir ze rangéieren, sinn 10 Herkat Entkuppler agebaut. Si gi mat Momenttaster geschalt (D8). D'Zich fueren aus der Terminusgare an d'Ofstellgare, wou se kënnen an der Kéierschläif gedréit ginn. Wann all Segmenter fäerdeg sinn, kënnen d'Gefierer nach een oder e puer Tir duerch de Krees dréinen.
   
erëm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erëm erop  
   
   
 
Gudden elektresche Kontakt ass entscheedent fir de Spillbetrib. Bei alle Lokomotiven hunn ech d'Rieder mat Pneuen géint Metallrieder ersat. Regelméisseg gi se gebotzt. Och d'Schinnen an d'Weichenhäerzstécker gi vun Hand no enger Betribspaus propper gemaach. Een original Fleischmann 833403, een original Minitrix 51202000, een ëmgebauten  Minitrix 51202000 mat engem Duebelstecker um Daach, ee mat enger Duebelsteckdous ëmgebaute Lux 9060 an een no System Jörger ëmgebaute Roco 25093 bilden e Botzzuch.  Eemol am Mount leeën ech e Kichekrepp mat Roboto spécial op eng laang riicht Schinn an drécken d'Wagonen mat der Hand driwwer. Den Dreck vun de Rieder ass duerno um Papeier.
 
   
   
   
   
   
   
erëm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
De Réseau spillt um Enn vun de sechzeger Joeren. Am Persouneverkéier ginn et Zich fir:
- Aarbechter déi op d'Schmelz musse fueren.
- Beamten an Employéen, déi an d'Haaptstad wëllen.
- Schüler déi an e noe Lycée mussen.
- Leit déi Verbindung mat der Nordstreck (bis op Léck a           weider) sichen.
De Gidderverkéier transportéiert Stéckgidder, Holz, Kuelen, Baumaterialien, landwirtschaftlech Maschinnen, Dünger a Frëschprodukte fir Hotelen. D'Brauerei brauch Wagonen fir de Béier ze transportéiren. Fir d'Sudhaus gëtt Masout a fir d'Camionen Diesel iwwert d'Schinn geliwwert.
En erfonntene Fuerplang (fir unzeklicken) bréngt grousse Spillspaass.
   
erëm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erëm erop