![]() |
|||
| Pläng a Projeten | |||
|
|
Éischte Gleisplang De Reseau hat am Ufang zwee Segmenter. E war 214 cm laang an 72 cm breet. Um Niveau 0 cm ass eng Ofstellgare fir 3 Zich an 3 Tribween. Bei W geht et iwwert eng 5fach Gleiswendel an d'Kappgare um Niveau + 21 cm. Bei A a B soll de Reseau emol weider am Krees duerch d'Zėmmer gefouert ginn. Bei S ass d'Stellpult. |
|
|
|
|||
|
|
|||
|
|
|||
|
|
|||
|
|
|||
|
|
|||
|
|||
![]() |
|||
|
De Reseau soll op 7 Segmenter an 1 amoviblen Deel vergréissert ginn.
Am Dall vun der Baach sollen, eng Strooss an eng Barričre nogebaut ginn. De Concasseur an de Steebroch sinn op engem Segment. De Steebroch kritt eng eege Schmuelspuerbunn. Dės ass um Plang blo agezeechent. Op der Strooss soll e gemittleche Verkéier imitéiert ginn. De Faller Car System ass rout gezeechent. Iwwert engem Tunnel vun der Linn 1b, gėtt en Deel vum Schlass vun dem Ardennerstiedchen nogebaut. |
|||
| D' Segment mat der Brauerei | |||
![]() |
D' Segment ass 130 X 72 cm grouss. E besteet um Niveau 0 aus engem Haaptgleis a 4 Ofstellgleisen. D'Radie sinn 39,5 cm an 43 cm. D'Gleise gi provisoresch opgeluegt an agezeechent. 6 Leitunge vun 1,5 mm gi mat Brawa Steckerklemmen 3093 an de Segment verluegt. 2 si fir Fuerstroum (14 V DC), 2 fir Schaltstroum (16 V AC) an 2 Leitunge mat 14 V DC si fir Geliits an Animatiounsdeeler. Eng wäiss MDF Plack vun 3 mm gėtt fir d'Stellpult agebaut. |
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
![]() |
Ofschnėtter ouni Stroum gi mat Plastikseclissen an Eclissen mat ugeléitene Kabelen equipéiert. D'Stellpultelementer vu Fleischmann ginn op d'MDF Plack geschrauft. D'Säitendeeler vum Segment gi matt Wäissläim a Serre-Jointen festgemaach. Déi horizontal Läischte ginn eenzel op d'Mooss geseet. Duerno gi se mat Schrauwen a Wäissläim agesat. D'Späerholzplack fir deen ieweschte Niveau gėtt geschnidden an opgeluegt. |
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
![]() |
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
|
||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
|
||
![]() |
Déi am Ufank agebauten Heljan Brauerei N 678 hunn ech 2023 duerch selwer gebaute Gebaier ersat. Fensteren an Diere zesumme mat Placke vu bal alle Marke goufe gebraucht. Eng Rumm vun 3,5 mm Héicht ėmschléisst d'Brauerei. Si soll dat versenkte Gleis am Haff ophuelen. E klengt Verwaltungshaus gouf no Fotoe gebaut. Am Agank vun der Brauerei gouf eng Paart agebaut. Ech hunn de bewegleche Waasserkran 5832 vu Viessmann benotzt. Dėse gouf zerseet a versenkt agebaut. |
||
| erėm erop | |||
![]() |
|
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
E Viessmann Powermodul 5215 gouf un de Fleischmann Trafo 6705 ugeschloss. D'Paart gėtt mat Tasteschaltere gesteiert. Parallel dozou schalt e Viessmann Relais 5551 d'Andreaskräizer 5803 fir de Brauereishaff an ėnnerbrécht de Fuerstroum wann d'Paart zou ass. Nodréiglech hunn ech eng Trennstell mat der Rocossee ageriicht. Si gėtt iwwer eng Fleischmann Eclisse 22217 mat Stroum versuergt. Eent vun den Andreaskräizer hänkt un engem 2 mm Messingmast. |
|
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
|
|
D'Brauereipaart gouf aus Placke vu Busch, Profile vun Evergreen an 0,8 mm Messingstaange gebastelt. De Viessmann Waasserkran 5832 hunn ech ofgeschnidden an e klengt Lach an de Sockel gebuert. D'Paart gouf mat Sekonneläim am Gel agepecht. D'Mauer mat dem Mechanismus vun der Paart gėtt einfach op e Profil opgesat. D'Kibri Mauerplacken 37969 goufe mat Humbrol Lackfaarwen ugestrach. No der Drėchnung koum waasserléislech gro Plakafaarf 72 drop a gouf an d'Fouen geriwwen. |
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
![]() |
|
||
| erėm erop | |||
|
Virun d'Brauereipaart hunn ech en ėmgebauten Zwergsignal vu Mafen agebaut. D'Signal ass mam Relais verbonnen, deen d'Paart, d'Andreaskräizer an de Fuerstroum steiert. Hannen am Brauereishaff koum en Entkuppler bäi. Aus Faller Deeler, Placken a Läischte vu ville Marken gouf en Dieseltank mat Ausfėllstatioun fir en Tankwagon gebaut. Eng Luucht an eng Zapsail vu Modellbahn Union hunn ech och agebaut. |
|
||
![]() |
|
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
![]() |
D'Brauerei kritt de Masutt fir ze brauen an den Diesel fir hir Camionen iwwert de Schinnewee geliwwert. All d'Brauereigebaier kruten LED Beliichtung agebaut. Baussen, iwwert den Diren, koumen Modellbahn-Union Luuchten. Ėnnert den Daach vum Luedequai hunn ech eng wäiss LED agebaut. De Kibri Kamäin gouf vun ėnnen opgebuert a gefeilt. E Seuthe Dampgenerator hunn ech uewen agebaut. Mat engem Drocktaster start e Kemo Zäitschalter an de Kamäin dämpt 20 Sekonne laang. |
||
| erėm erop | |||
![]() |
|
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
Den Atelier fir d'Camionen hunn ech aus Plastiksdeeler vu Busch, Evergreen a Kibri gebastelt. D'Ariichtunge si vu Modellbahn Union. De Stull an d'Masuttsiewe si selwer gebastelt. Bannen ass eng wäiss LED agebaut. D'Luucht iwwer der Dir vum Büro ass vun der Modellbahn Union. D'Gelänner vun der Trap gouf aus 0,3 mm Drot gebéit a mat Sekonneläim am Gel zesummegepecht. D'Lėftungstübe vum Atelier sinn aus engem Rouer an ofgeseete Messingsneel fabrizéiert. |
|
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
![]() |
|
||
| erėm erop | |||
|
|
De Fatima Sanctuaire hunn ech mat Hėllef vu Fotoen gebastelt. D'Béi goufen aus enger Holzläischt vu 4 mm gefeilt. D'Fatima selwer ass eng ausgeschnidde Foto, déi op eng gro Plasiksplack gepecht ass. D'Placke si vu Kibri a vu Busch. D'Profile si vun Evergreen an d'Faarwe vun Humbrol. Als Gelänner huelen ech Leederen vu Vapeur 70 an Heljan. De Sanctuaire gėtt vun 2 Scheinwerfere beliicht. |
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
|
De Lokomotiveschapp hunn ech no Fotoe gebaut. D'Wänn mat den Diren an de Fėnstere goufen op Millimeterpapeier gezeechent. De Plang gouf mat Pauspapeier op eng Busch Plack 7203 iwwerdroen.Mam Cutter gouf alles ausgeschnidden. Den Daach besteet aus Kibri Schieferplacken. D'Lėftungstübe goufen aus engem Rouer an ofgeseete Messingsneel fabrizéiert. D'Kulange sinn Evergreen Half Round Profilen. D'Oflossréier hunn ech aus Drot vun 1 mm gebéit. Si goufe mat Sekonneläim fixéiert. Duerno kruten se en Ustrach mat Humbrol Sėlwerlack. |
|
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
|
Inspiréiert vun enger aler Foto hunn ech e Waassertuerm gebaut. D'Dimensiounen goufen un de Schapp an un d' Brauerei ugepasst. Den Tuerm hunn ech no menger gewunnter Manéier gebastelt. Hie krut eng Leeder vu Ratio an eng Luucht vu Viessmann. Mat dem Computer hunn ech eng Jauge, Schelter a Plakater gezeechnet wäiss Folien erausgedréckt. |
|
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
|
Niewend de Footballsterrain koum eng Buvette mat Keess an Toiletten. D'Gebai gouf, wéi schonns beschriwwen, gebastelt. Ech hunn eng Beliichtung mat LED installéiert. Den Daach kann een erofhuelen. Dann hunn ech eng 3 mm MDF Plack fir d'Strooss a fir d'Gradinen vum Terrain mat der Stéchsee geschnidden. Ech hunn och 2 Paarten, eng Resultatstafel, Hecken an Drotzonke fabrizéiert. Op d'Landschaftsstrukturen aus Holz gouf Drotfilet vu Noch mat der Kliefpistoul gekollt. Drop koume Gipsbandagen. |
||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
|
D'Fielse si gesammelt Schiefersteng. Ech hu mat Mastik alles fäerdeg modelléiert. Hannert der Brauerei gouf e Gelänner aus dem Schėffsmodellbau agebaut. D'Luuchte sinn aus 2 mm Messing H Profilen a Viessmann Deeler. D'Wisen hunn ech mat Heki Decovlieβ, Materialien vu Woodland, Busch a Wäissläim gemaach. D'Beem si vu Faller, Heki, Hünerbein Natur a Busch. D'Stroosse si mat Faller Farf ugestrach. |
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
|
||
![]() |
|
||
| erėm erop | |||
![]() |
E Viessmann Soundmodul gouf mat engem Relais paralell zur Paart geschalt. An d'Fosse vun der Garage koum eng Schweessluucht vu Busch. Ėnnert de Futtballsterrain hunn ech e programméierbare Soundbausteen vu WayinTop installéiert. Den Zonk beim Lokomotiveschapp ass vun Ndetail. D'Schėlter si selwer aus 0,3 mm Drot, 0,3mm Plasiksplacken an Decalle fabrizéiert. De Prellbock ass vu Weinert. Niewend dem Stompgleis fir op Baastneech hunn ech en Ubau fir entgleisten Zich fixéiert. |
||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
D'Brauerei krut e weidere Luedequai fir Camionen. D'Messingleederen aus dem Faller 222195 Kit goufe gebéit, gefierft an ugepecht. Hannert d'Garage hunn ech en Ėnnerstand un d'Mauer fixéiert. An d'Näertrenger Stross goufe Schėlter an e Kilometersteen installéiert. De Futballsterrain bastelen ech aus Plastiksplacken a Messingsdeeler. D'Strecher goufen mam Plotter geschnidden. Eng Oxford Ambulanz mat Blénkluucht hunn ech bei Letitlight zu Rastatt bestallt a mat Decalen ėmdekoréiert. |
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
![]() |
|
||
| erėm erop | |||
![]() |
Virun d'Brauerei koum e Faller Velosstänner. An d'Herpa Remorquen hunn ech N-train Säck gepecht. D'Eisebunns- a Stroosseschelter si selwer gemaach. D'Viessmann Andreaskräiz gouf liicht versenkt agebaut. D'Schaaschtechmettie si vu Noch. Fir op de Futtballsterrain hunnn ech Goaler aus Messingsdrot a Fänkfileten aus 1,5 mm Evergreen H-Profilen an Drotfilet fabrizéiert. Ronderem den Terrain koum en ėmgeännerten an ugestrachenen Zonk vun Aeronaut. |
||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
|
||
|
Ech hunn 2 Plexiglasplacken als Protektioun un de Rand vum Terrain ugeschrauft. D'Reklamenpanneauen goufen ugepecht. En Tableau, deen de Spillstand vum Match weist, hunn ech gebastelt an opgestallt. D'Brawa Scheinwerfer goufen duerch Evergreen Sträifen, Kestrel Leederen an Deeler aus 0,3 mm an 0,5 mm Drot ergänzt. |
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
![]() |
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
Ech hu Beem vun Heki an Zonke vun Ndetail rodrėm de Futballsterrain agesat. En Haische fir de Waachhond bei der Garage koum derbäi. Fir de Wanter an der Biergstrooss hunn ech eng Sandkėscht an eng Schnéischepp aus Ndetail Deeler, Drot a Plastiksplacke gebastelt. Op de Fiels hannert der Brauerei goufen e Gelänner an e Photograph installéiert. Ech hunn den amerikanesche Poliziste vu Woodland d'Kapen ofgeschnidden, Evergreen Ronnprofilen opgepecht a mat Humbrol Faarf ugestrach. |
||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
|
Lo gehéiren si zur "Gendarmerie Grand-Ducale" a passe bei den emdekoreierten Oxford Land-Rover. Bei d'Buvette goufen e Gelänner an Dreckskiwwelen gepecht. Sanitäter vu Noch a Preiser kėmmeren sech em eng Persoun déi eng Attaque kritt huet. D'Footballsupportere sinn aus de Woodland A2187 Streikposten entstanen. D'Autoe goufe mat Decallen verännert. |
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
|
D'Futtballspiller si vu Noch a vun Tomytec. D'Nochspiller krute schwaarz Sträifen a wäiss a rout Nummeren. Et sinn Decale vu Microscale. Ech hunn 3 Figure vun Tomytec beim Bauch duerchgeschnidden. Si goufen ėm ongeféier 1,5 mm verkierzt, zesummegepecht an ugestrach. Lo passen si an der Gréisst besser bei déi aner Männercher. Dem Linieriichter hunn ech e Fändel aus gielem Stoff an aus Drot fabrizéiert. |
||
![]() |
|
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
|
Hannert dem Futtballsterrain goufe Beem vu Faller opgestallt. En Hiirt mat Schof an e Soundmodul hunn ech an de Bierg agebaut. E Bam mat enger Bänk koum niewend d'Strooss. Ėnnert d'Camionssgarage hunn ech Baustäng mat Geräischer installéiert. Eng Camionsdépanneuse vun Artitec a Figure vu Woodland koumen an den Haff. |
|
||
| erėm erop | |||
| D' Segment mat der Gare | |||
|
|
![]() |
||
|
|
Op dem alen Deel vum Reseau goufe Verännerunge virgeholl. Op dem Segment mat der Gare hunn ech de Faller Quaikran motoriséiert. Niewend dem Gidderschapp hunn ech eng Camionswo aus Placken a Profile gebastelt. De Sherman Tank gouf duerch en Artitec Modell ersat. |
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
D'Weichenhiewelen, de Kilometersteen an den Telefon goufen aus Placken, Ronnnprofilen, Läischten an 0,3 mm Drot gebastelt. Si goufe mat Decalen a mat Humbrol Faarwen dekoréiert. Ech hunn nei Prellbėck vun Auhagen agebaut. An der Mėtt vun der Barričre goufen Evergreen Läischten agepecht a mat Humbrol Faarwen ugestrach. |
![]() |
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
![]() |
![]() |
||
| erėm erop | |||
| D' Segment mat der Wendel | |||
![]() |
|
||
|
Och hei goufe Verbessungen gemaach. Eng Spärholzplack fir eng kleng Spillplaz hunn ech mat Schrauwe fixéiert. En ėmgeännert Kannerkarussell vu Langley gėtt vun engem ONPIRA Motor TDY-12 mat 2,5 Ėmdréiunge pro Minutt ugedriwwen. Eng Viessmann H0 Klunsch hunn ech ėmgebaut an zum Deel versenkt agesat. |
|
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
Fir de Park mat der Spillplaz hunn ech eng öffentlech Toilette no der bekannter Method gebastelt. Virun der Villa goufen di al Luuchten duerch Beli-Beco Artikelen ersat. D'Stroosseluuchten an der Haaptstrooss goufen duerch Faller Artikelen mat LED ersat. Aus dem Viessmann Buer gouf mat Evergreen, Faller a Noch Elementer e Michel Rodange Renertbuer fabrizéiert. Decalen hunn ech entworf a gedréckt. Alles gouf mat Holzschrauwen a Rummen aus Holzläischten festgemaach. |
||
![]() |
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
![]() |
|
||
| erėm erop | |||
|
Ech hunn 2 WayinTop Soundmoduler fir 4,5 V agebaut. Fir d'Spillplaz hunn ech e gratis Internet Download gelueden an op 6,7 MB mp3 am Sound Forge gekierzt. Fir de Buer gouf an engem noe Park Waassergeräisch opgeholl an op ongeféier 3 Minutten Dauer mp3 am Sound Forge beschafft. D'Kneppecher hunn ech virun di visuell Szenen agebaut. D'Baustäng kėnnen ausgebaut an ėmprogramméiert ginn. |
![]() |
||
| D' Segment mat dem Schlass | |||
![]() |
|
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
|
|
D'Kibri Buerg hunn ech ausgebaut. De Segment gouf mat Läischten a Spärholzplacken no uewe verlängert. Ėnnert d'Schlass hunn ech e weideren ONPIRA Motor TDY-12 fir d'Kiermesuergel agebaut. Dės gouf aus engem Lemke Unhänger, Plastiksplacken an Deeler vun Evergreen esouwéi Auhagen gebastelt.D'Frontdekoratioun hunn ech am Adobe Illustrator entworf an op en Decal mat Laser gedrockt. Eng Figur vu Noch dréit op enger Messingschrauf vun 1 mm. E Soundmodul vu Noch suergt provisorėsch fir Musek. |
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
![]() |
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
![]() |
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
| D' Segment mat der Flossbréck | |||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
De Kibri Bausaz hunn ech ėmgebaut. Banne koumen 2 Metallstaange vun 8 mm an déi 6 Kabele fir de Stroum vum ganze Reseau. Wéinst der Déift vun dem Faller Car System sénge Schaltelementer hunn ech d' Héicht vun de Stäipen an d'Déckt vun der Strooss missen duerch Tester ermėttelen. D'Niveauen vum Floss, der Strooss, der Bunn an der Steebrochsbunn konnt ech esou op 18, 58, 90 an 200 mm festleeėn. Den Hang vum Bierg gėtt dorunner ugepasst. Den Tunnel hunn ech aus Reschtstécker no Virlag vun enger Foto gebaut. |
|
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
![]() |
Den Tunnel hunn ech aus Reschtstécker no Virlag vun enger Foto gebaut. Am Tunnel goufen d'Fleischmann Schinnen mat dėnne Placken ėnnerluegt, fir op d'Héicht vum Peco Code 55 Gleis op 3mm Kork ze kommen. Eclisse mat Kabelen solle fir Stroum suergen. Eng Ėnnerfeirung fir e Feldwee, no emgem Virbild bei Béislek, hunn ech och gebaut. D'Maueren goufe wéi ėmmer mat Humbrol Lackfaarwen ugestrach. Duerno hunn ech mat groer Plaka Waasserfaarf getuppt a geriwwen. |
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
Ėnnert d'Bréck hunn ech eng 0,25 mm Plastiksplack gepecht. Aus Späerholzstécker goufen Bierger, Häng, de Kanal an d'Wier fir d'Waassermille gebastelt. D'Peco Gleis an d'Korkbettung hunn ech mat Humbrol Lackfaarwen ugestrach. Mat Peco Metallasäz gėtt d'Gleis geluegt a mat waasserfestem Laim ugepecht. Peco PL-82 Eclisse mat Kabele suerge fir Stroum. Duereno hunn ech mat Heki 33103 geschottert. |
![]() |
||
![]() |
|
||
| erėm erop | |||
| D' Segment mat der Barričre | |||
![]() |
![]() |
||
![]() |
Déi ėnnerierdesch Kéierschläif vum FCS bauen ech op eng 12 mm Spärrholzplack, déi ee spéider no uewen eraushuele kann. Si gėtt mat 2 Mudddere festgemaacht. De Faller Trafo 180641 hunn ech vedéift agebaut. 2 elektrėsch Faller Parkplazen 161674 gi mat 4 Busch Liichbarričren 5720 an 2 Busch Elektronik Relaisen 5740 gesteiert. Iwwert d'Kéierschläif vum FCS bauen ech en amovible Bierg aus 6 mm Spärholzplacken. |
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
![]() |
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
D'Biergstrooss hėllt en Kéier a verschwėnnt no enger géier Descente ėnnert der Gare. Eng weider Faller Parkplaz 161674, gesteiert vu Reflexionsliichtbarrieren vu Reinholdschmitz an engem Rocorelais erlaabt et 2 Camionen ofwiésselnd fueren ze loossen. D'"Camionsstrooss" soll um Steebrochsegment erėmm visibel ginn a vun do bei de Concasseur féieren. |
![]() |
||
|
|
|
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
|
|
D'Peco Code 55 Flexgleis hunn ech dės Kéier no der Method vum Peco TV Film verluegt. Eng 3 mm Korkplack gouf mat Humbrol Lack gro ugestrach. D'Gleis hunn ech mat enger 36 Zoll Schabloun gebéit. Baussen an d'Schwellen hunn ech a regelméissegen Ofstän zwee 0,5 mm Lächer gebuert. Spur Z Neel goufe mat enger Zaang agedréckt. Un all Flexgleis hunn ech ėnnert d'Schinnen 2 Kabele geléit. Peco PL-82 Eclisse suergen och nach fir Stroum. |
||
| erėm erop | |||
| D' Segment mat dem Stellwierk | |||
|
|
![]() |
||
|
De Gleisplang besteet aus 2 Bouweichen SL-E386F,SL-E387F an 2 riite Weichen SL-U395F an SL-U396F. Ėnnert der Plack verleeft d'FCS Camionsstrooss. Vir laanscht féiert d'FCS Paradestrooss. Den Drot hunn ech mat der Faller 161669 Rillefräs verluegt. D'Strooss ass aus 4 mm Pappelspäerholz. D'Eisebunnsweiche gi mat PL-26W "Passing Contact Switch" Schaltere gestallt, déi a PL-28 Rummme fixéiert sinn. Esou gesäit een hir Stellung ėmmer um Schaltpult. |
![]() |
||
| erėm erop | |||
|
|
![]() |
||
![]() |
Ėnnert all Weichen hunn ech PL-10 Motore mat PL-15 Twin Microswitch Schaltere festgemaacht. De PL-15 versuergt d' Weichenhäerzstéck mat Stroum. Och eng Stoppfunktioun bei falsch geluegter Weich gėtt iwwert de PL-15 geschalt. Op 4 Plazen hunn ech Schalteren an d'Pult agebaut, fir Zich unzehalen. Fir d'Lokomotiv vun de Wagonen ze trennen, hunn ech zousätzlech un dem Herkat Entkuppler en Hiewel agebaut. Esou kann een och mat "Gefill" vun Hand lasskrämpen, ouni datt alles wackelt. |
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
|
D'Stellwierk "Schlesserbierg" hunn ech op Basis vu Faller mat allméiglechen Deeler vu Kibri, Evergreen, Modellbahn-Union an Drot gebastelt. D'Gebai vum "Chef de service" huet seng Uerspreng an engem Artitec Kit. D'Gardehäischen ass eng eege Konstructuioun mat Deeler vun alle Marken. D'Barriereskierb ass vun Nordmodell and d'Lautwierk vu JPP. D'Weichelanteren an Deeler vu mechanėschen Stellwierk stame vu Weinert. |
|
||
| D' Segment mat dem Steebroch | |||
![]() |
|
||
![]() |
D'Landschaft gėtt vun
enger Baachmündung bestėmmt. De Concasseur an
d'Steebrochsbunn kommen op d'Nordufer vun der "Himmelsbaach".
D'Kéierschläif vun der FCS Paradestrooss kritt eng
Faller 161674 Parkplaz. Si gėtt vun 2 Reinhold Schmitz RLSAC |
||
| erėm erop | |||
![]() |
|
||
|
|
![]() |
||
| erėm erop | |||
![]() |
![]() |
||
![]() |
D'Steebrochsbunn ass um Busch H0f System opgebaut. Am 1/160 entsprécht dat ongeféier enger Meterspuerbunn. Si pendelt iwwer eng Opfaart aus Märklin Z Bréckendeeler, déi op Vollmer N Piliere leien, bis an de Concasseur an erėm zeréck. Iwwert eng Weich féiert d'Bunn op enger reng dekorativer Bréck no vir. Dėst ass geduecht fir d' Camionsstrooss vum Faller Car System ze verstoppen. |
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
|
De Concasseur bauen ech aus Plastiksplacke vu Busch, Kibri a Vollmer. Deeler vu Cornerstone a Kibri Bausätz, esou wéi Evergreen Profiler, ginn och verschafft. Dat ganzt Gebai léisst sech no uewen eraushiewen. D'FCS Camione ginn duerch eng 161674 Parkplaz ugehalen an duerch en Drockknäeppche gestart. D'Landschaft hannendrun kann een deelweis eraushulen, fir un di ėnnerierdėsch Strooss ze kommen. |
|
||
| erėm erop | |||
![]() |
|
||
![]() |
De Kaméidi vun engem Steebroch hunn ech mam Handy opgeholl. Am mp3 Format ginn d'Geräischer op en Uhlenbrock Tounbausteen 38110 iwwerdroen. De Modul gėtt duerch e Schalter aktivéiert. D'Gleiser vun der Steebrochsbunn si Busch H0f Artikelen, bei deenen ech tėschent de bestoėnde Schwellen ėmmer eng derbäi bastelen. Dės besteet aus Evergreen Deeler. |
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
|
Op der Zoufaart an am Concasseur hunn ech d'Schinne vu Busch mat Balsaholzsträife verkleet. De Klangmodul vun Uhlenbrock passt just an de Concasseur.Säitlech hunn ech un de Concasseur en Ubau mat Mauerplacke gebaut. E Gleisspäersignal vu Viessmann soll d'Beluede vun de Waggone steieren. Eng Gleiswo hunn ech aus engem Auhagen Kit gebaut. Um Daach ass e bewegleche roude Guidon. E Verwaltungsgebai an eng Camionswo hunn ech neess selwer gebastelt. |
|
||
| erėm erop | |||
|
|
|
||
|
|
Niewend der amovibler Bréck stinn de "Café Op der Millen" an dat fréiert Stallgebai. Ech hunn Deeler vu Faller, Uhlenbrock, N-train, Kibri, Evergreen, Peco, Weinert, Mafen a Beli-Beco verbaut. De Noch 21769 Bam mat beweglecher Schaukel gėtt och agebaut. |
||
| erėm erop | |||